Rechercher
  • emmkah

Déi lescht Schweigeminutt am Joer 2021

Donneschdeg, 30. Dezember 2021 um 12:00


Dësen Donneschdeg, den 30. Dezember 2021 halen mir déi lescht Schweigeminutt vun dësem Joer of.


2021 war staark markéiert vun dëser Pandemie déi eis weider mat senge successive Wellen opgerëselt huet.


Fleegepersonal an Dokteren hunn zënter bal zwee Joer en héije Präis bezuelt.

Déi successiv Wellen hunn hire Moral a physeschen Zoustand staark strapazéiert. Mee si sinn nach ëmmer do, 
present op hirem Posten, trotz hirer permanenter Ënnerbesetzung.


Déi ganz Bevëlkerung huet och gelidden a leit weider, net nëmme duerch d’Aschränkungen an déi restriktiv Moossnamen, mee och duerch de Mangel un Zougang zur Gesondheetsversuergung.


Dës « perte de chance », déi duerch den ze groussen Zoufloss vun COVID-Patienten verursaacht gëtt, hätt kéinten zënter der Aféierung vun den Impfungen vermeit ginn.


Jo d’Impfung wierkt!



Jo d’Impfungen ass sécher!


Dofir treffen mir eis alleguerten dëse leschten Donneschdeg vum Joer, jidderee op sengem Posten, fir dës Schweigeminutt vun de "wäisse Kittelen an der Bevëlkerung »:


Donneschdeg, 30. Dezember 2021 um 12:00


fir d’Schweigeminutt vun de Bierger:

- 

invitéiert sou vill wéi méiglech Leit fir matzemaachen


- verbreet dëse Message op sozialen Netzwierker


- luet Iech d'Dateien #yeswecare an #impfewierkt erof an dréckt se aus


- hänkt se an de Fënsteren op oder haalt se an der Hand


- respektéiert d'Sécherheetsdistanzen


- ditt är Masken un


- maacht eng Foto vun Iech selwer


- a post dës Foto op sozialen Netzwierker.


Hoffentlech bréngt ons 2022 besser Iwwerraschungen an en normaalt Liewen.


Denkt un Iech, denkt un déi Anerer!


Passt op Iech op!


93 vues0 commentaire