Rechercher
  • emmkah

D'Schweigeminutt fir Chrëschtdag den 23. Dezember 2021 um 12:00



Déi lescht "Schweigeminutt" vum Donneschdeg hunn vu Woch zu Woch méi Succès. Vill privat Leit, ëffentlech Persounen an Entreprisen schléissen sech der  un an ënnerstëtzen ëffentlech de Kampf géint dëse Virus.Beweegung
Dëst gëtt a Rou, Diskretioun a Respekt gemaach.
Dës Manifestatiounsmomenter si wichteg, fir Soignants an Dokteren, awer och fir Iech all, déi de Eescht vun der Situatioun verstanen hutt an déi alles maache fir géint dëse Virus ze kämpfen.
D'Impfung ass wichteg a wierkt. Se rett Liewen a schützt géint de "Long COVID".
Maacht also weider all Donneschdeg mat bei der "Schweigeminutt".
Wann se am Ufank « d'Schweigeminutt vun de wäisse Kittele » genannt gouf, kënne mir haut houfereg behaapten, datt dës Schweigeminutt och Är ass; d’Schweigeminutt vun eis all, fir eis all!
Also treffe mer eis alleguer, jidderee op sengem Posten, dësen


Donneschdeg 23. Dezember 2021 um 12:00


fir d’Schweigeminutt vun de Bierger.


- invitéiert sou vill wéi méiglech Leit fir matzemaachen
,

- verbreet dëse Message op sozialen Netzwierker
,

- luet Iech d'Dateien #yeswecare an #impfewierkt erof an dréckt se aus
,

- hänkt se an de Fënsteren op oder haalt se an der Hand
,

- respektéiert d'Sécherheetsdistanzen,


- ditt är Masken op
- maacht eng Foto vun Iech selwer
,

- a post dës Foto op sozialen Netzwierker.


Zesummen a vereenegt wäerte mir et fäerdeg bréngen dës Pandemie ze iwwerwannen an e soziaalt Liewen erëmzefannen, dat säin Numm.
verdéngt.


Pass weider op Iech op!



yeswecare
.pdf
Download PDF • 14KB

impfewierkt
.pdf
Download PDF • 14KB


91 vues2 commentaires