Rechercher
  • emmkah

D‘Schweigeminutt vum Donneschdeg, den 13. Januar 2022



Dësen Donneschdeg hale mir nees eng Schweigeminutt of, am Respekt an an der Dignitéit.

Eis stëll Beweegung, déi d’lescht Joer de 25. November ugefaangen huet, geet weider! Si hëlt ëmmer méi u Wichtegkeet un an d'Ënnerstëtzung an der Bevëlkerung wiisst. Mir si souguer vu franséische Spideeler kontaktéiert ginn.

Mir verdéngen dës Ënnerstëtzung duerch eis Aarbecht, eis Vocatioun an eise Respekt fir eis Matmënschen. Dofir ass et wichteg fir eis dës Schweigeminutt a Rou op eisen Aarbechtsplazen ze demonstréieren.

Leider wäert nächste Méinden, de 17. Januar 2022, e Grupp Impf-Géigner virum Hôpital Kirchberg demonstréieren. D'Direktioun an d'Police wäerten déi néideg Moossnamen huelen fir d'Sécherheet an den Zougang zu der Gesondheetsversuergung ze garantéieren. Wat eis ugeet, bleiwe mir am Hannergrond a reagéieren net op Provokatioun.

Loosst eis dofir eenegt a vereent bleiwen ronderëm eis Beweegung, würdeg a professionell.


Donneschdeg den 13. Januar 2022 um 12:00


- invitéiert sou vill wéi méiglech Leit fir matzemaachen
,

- verbreet dëse Message op de sozialen Netzwierker
,

- luet Iech d'Dateien #yeswecare an #impfewierkt erof an dréckt se aus
,

- hänkt se an de Fënsteren op oder haalt se an der Hand
,

- respektéiert d'Sécherheetsdistanzen,

- ditt är Masken op


- maacht eng Foto vun Iech selwer
,

- a post dës Foto op sozialen Netzwierker.

Zesummen a vereenegt wäerte mir et fäerdeg bréngen dës Pandemie ze iwwerwannen an e soziaalt Liewen erëmzefannen, dat säin Numm.
verdéngt.

Pass weider op Iech op!

yeswecare
.pdf
Download PDF • 14KB

impfewierkt
.pdf
Download PDF • 14KB

38 vues0 commentaire