Rechercher
  • emmkah

D‘Schweigeminutt vum Donneschdeg, den 20. Januar 2022



D’Well vun Infektiounen duerch Omikron schléit zou wéi en Tsunami.

Fir dese Wanter gin an Europa 500.000 zousätzlech Doudeger erwaart (WHO).

D’Intensivstatiounen vun de Spideeler riskéieren, duerch Covid-Patienten iwwerfëllt ze gin.

Déi hospitaliséiert Patienten leiden enorm a kënnen duerch de Virus stierwen!

Et stierwen souguer heinansdo jonk Patienten, bei anscheinend gudder Gesondheet!


Nëmmen d’Impfung vun der gréisstméiglecher Zuel vu Leit kann ons effizient schützen.

Waat mer méi geimpft sin, waat mer éischter ons Fräiheeten erëm fannen.

Déi net geimpfte Patienten iwwerfëllen d‘Spideeler.

D’Gesondheetsberuffer sin erschöpft duerch zwee Joer Pandemie.

Hier moralesch Batterien si platt.


Zu Lëtzebuerg an am Ausland huelen ëmmer méi Betrieber un #yeswecare deel.

D’Gesondheetsberuffer manifestéieren op eng sober an dezent Manéier.

Ouni Kaméidi.

Op d’Manéier vun #yeswecare.

Se encouragéieren zuer Impfung an zum Booster fir jiddereen.

Se hoffen, weiderhin fir är Fleeg zur Verfügung ze stoen.


Donneschdeg den 20. Januar 2022 um 12:00


- invitéiert sou vill wéi méiglech Leit fir matzemaachen
,

- verbreet dëse Message op de sozialen Netzwierker
,

- luet Iech d'Dateien #yeswecare an #impfewierkt erof an dréckt se aus
,

- hänkt se an de Fënsteren op oder haalt se an der Hand
,

- respektéiert d'Sécherheetsdistanzen,

- ditt är Masken op


- maacht eng Foto vun Iech selwer
,

- a post dës Foto op sozialen Netzwierker.

Zesummen a vereenegt wäerte mir et fäerdeg bréngen dës Pandemie ze iwwerwannen an e soziaalt Liewen erëmzefannen, dat säin Numm.
verdéngt.

Pass weider op Iech op!

yeswecare
.pdf
Download PDF • 14KB

impfewierkt
.pdf
Download PDF • 14KB

16 vues0 commentaire