Rechercher
  • emmkah

Di nächst Schweigeminutt en Donneschteg 16/12/2021



Dësen Donneschdeg, 16. Dezember 2021 wäerte mir fir d'drëtte Kéier "d'Schweigeminutt vun de wäisse Kittelen" ofhalen.

Dës Aktioun genéisst eng breet ëffentlech Ënnerstëtzung. Leschten Donneschdeg hu sech verschidde privat Betriber an ëffentlech Verwaltungen zu eiser Aktioun ugeschloss a wäerten eis vun elo un weider begleeden. Aner Entreprisen wäerten dësem flotte Beispill vu Solidaritéit sécherlech nokommen.

Déi ganz Bevëlkerung gëtt encouragéiert vun doheem, op der Aarbecht, op der Strooss matzemaachen. Wann Dir kënnt, encouragéieren Är Bekannten matzemaachen.

Eis Aktioun ass déi vu jidderengem, fir jiddereen. Fir eis, fir Iech!

Mir bleiwen eng Minutt roueg am Respekt, an der Rou a Solidaritéit.

Fir matzemaachen, alles wat Dir maache musst ass:

- luet d'Logoe vun #yeswecare an/oder #impfewierkt hei ënnen erof

- dréckt se eraus

- hängt se an Äre Fënsteren op, oder / an

- haalt se an Ärer Hand wann Dir d'Schweigeminutt observéiert

- maacht Fotoen oder Selfien

- post des op Äre sozialen Netzwierker

E puer Richtlinnen:

- ditt Är Mask un

- respektéiert d'Distanzen wann Dir an engem Grupp sidd

- passt weider op Iech op

Mir hoffen vill vun iech dësen Donneschdeg ze gesinn ... an och op de sozialen Netzwierker!


impfewierkt
.pdf
Download PDF • 14KB

yeswecare
.pdf
Download PDF • 14KB

31 vues0 commentaire